Gästebuch der Fanfare Medernach
Einträge: 36    |    Aufrufe: 24764

« Homepage    |    Eintragen »



 
Yves Muller 22.07.2008 - 10:02 Uhr

E-Mail

Lo wou eise Sekretär Vic Mollitor nach just bis den 31. Juli 2008 am Amt as, wëll ech him hei op dëser ganz offizieller Plaz villmols Merci soen fir déi exemplaresch Arbecht an deene leschten 24 Joer a besonnesch fir déi gutt Zesummenarbecht déi mir an deenen 13 Joer wou mir zesummengeschafft hun haten.
Vic genéiss Deng musikalesch Pensioun mee weis Dech awer alt nach op eise Concerten!

A fir säin Nofolger Jean-Paul de Waha wënschen ech eng grad sou gutt Zesummenarbecht mam Chef.

Yves M.


Sarah 27.05.2008 - 10:23 Uhr

E-Mail

Halli Hallö jo mega witzej dei hp all respekt mee di foto fum BoB am kiltzipzi ass einfa genial

Also bis an der nächster musikpreuf;-)


Henry Wickens 07.05.2008 - 14:30 Uhr

E-Mail

Majo, t'ass nawell roueg hei. Smilie

All Respekt fir Äre Gala-Concert!

Meng englesch Kolleegen wollten net gleewen, dass et dat gëtt: eng däitsch Schwëster déi Duddelsak spillt. Mä et war einfach supper, wéi dat Instrument bei d'Musek gepasst huet.

An de Bob am Kilt vergiessen ech ni! Smilie


Yves MULLER 20.03.2008 - 16:32 Uhr

E-Mail

De Chef wënscht all senge Musikantinnen a Musikanten an de Comitésleit schéin Ouschteren!

Vergiesst w.e.g. nët: de 26. Abrëll hu mer Galaconcert a mir kënnen nach all Prouf gebrauchen.


anne 08.03.2008 - 19:32 Uhr

E-Mail

hallo alleguerten!!

ech freen mech schon op den galaconcert!!


simone 08.02.2008 - 15:00 Uhr

E-Mail

Ma dat héiert een jo gär, dat eisen Theater gefall huet. Mee wann een sech dann op deene (schéinen)Fotoen gesait, ojeminee.Mee Haaptsaach et war flott.An d'näxt Jar geet et virun!!


JO 06.02.2008 - 13:38 Uhr

E-Mail

Also ech well der Theaterequippe Merci soen fir daat Vertrauen, daat si mir entgéintbruecht huet..Et wa meng éischte Kéier an et wa eng super flott Erfahrung an immens leschteg a sou enger léiwer Equippe matzeschaffen..


Colette 30.01.2008 - 14:42 Uhr

E-Mail

Hallo léif Theaterhuesen,
Dat wat dir geleescht hut, war einfach genial.
Och déi soss eng Hand ugepak hun, hun sech e Luef verdéngt.
Nëmmen sou, alleguer zesummen, huet een Erfolleg. Bravo!


Yves Muller 29.01.2008 - 08:43 Uhr

E-Mail

Salut zesummen!

Ech wollt der ganzer Theaterequip (Acteuren, Flüsterer, Bühnebauer asw) gratuléieren fir hir formidabel Leeschtung déi si nees verbruecht hun.

Macht weider esou, well sou eng Traditioun därf weder fir d'Musek nach fir d'ganz Miedernacher Gemeng ausstierwen.

De Chef :-)


Joelle 27.12.2007 - 21:02 Uhr

E-Mail

Ech wenschen Iech alleguer e gudde Rutsch an alles Guddes fir 2008 mat ville flotte Momenter an der Miedernacher Musik.....


 
Seiten:
- 1 - 2 - 3 - 4 -
Zurück  Weiter

Highspeed SSD Webspace bzw. Webhosting für Profis powered by Abonda.de
Hol Dir dein eigenes gratis Gästebuch!
 
Bitte aktiviere JavaScript!